An all Aarbechtsëmfeld ass d’Funktioun vum/vun der Delegéiert-en fir d’Egalitéit ganz wichteg, fir d’Wuelbefanne vun de Membere vum Personal z’assuréieren.
Opstellung vun der Funktioun vum/vun der Gläichstellungsdelegéierten/-er
Den oder d’Egalitéitsdelegéiert/-en ass fir d’éischte Kéier duerch d’Gesetz vum 7. Juli 1998 geschaf ginn, dat d’Personaldelegatiounen am Privatsecteur reforméiert huet.
Deemols goung et dem Législateur drëms, fir besonnesche Schwieregkeeten entgéint ze wierken, déi d’Salarié-e-ën an der Aarbechtswelt begéint hunn, virum Hannergrond vun enger Augmentatioun vu Plainten esouwuel um Niveau vun der sexueller Belästegung wéi dem professionellen Harcèlement.
Den oder d’Gläichstellungsdelegéiert/-en ass eng Kontaktpersoun, déi d’Interêten vun de Salarié-e-ën op dësem Gebitt verdeedegt. Seng/hir Nominatioun ass obligatoresch an all Entreprise, der hir Personalunzuel 15 Mataarbechter/-innen erreecht.
2004, respektiv 2006, ass d’Funktioun vum/vun der Gläichstellungsdelegéierter/-en an der Fonction publique an am Gemengesecteur agefouert ginn.
Missioune vum/vun der Gläichstellungsdelegéierten/-er
Den oder d’Delegéiert/-en fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer beméit sech, fir e gläichgestaltend Aarbechtsëmfeld fir Fraen a fir Männer ze schafen. Heibäi passt hien oder si dorobber op, datt et keng Ënnerscheeder ginn bei den Aarbechtskonditioune vu Fraen a vu Männer. Generell gesinn sicht hien oder si no Léisungen zu all Probleematik, déi direkt oder indirekt verbonnen ass mat der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer op der Aarbechtsplaz.
Hien oder si kann Analysen a Recommandatiounen u seng Direktioun maachen, besonnesch wat d’Notze vum Congé parental ugeet, den Zougang zu Formatiounen oder zu Poste mat Responsabilitéit, oder nach den Ausgläich tëscht Privat- a Beruffsliewen.
Des weideren ass den oder d’Delegéiert-en fir d’Gläichstellung d’Kontaktpersoun fir jiddereen, deen sech diskriminéiert oder belästegt fillt vun engem/enger oder méi Kolleeg-inn-en. Hien oder si beréit Affer vun Diskriminatiounen oder Harcelementer a verweist si un Organisatiounen, déi hinnen eng Hëllefstellung kënnen ubidden. An dësem Kontext kann den oder d’Delegéiert/-en och Formatiounen oder Preventiounscampagnen organiséieren.
Heibäi sief ze ënnersträichen, datt d’Missioun vum/vun der Delegéierten/-er ausschliesslech d’Probleematik vun der Egalitéit tëscht Fraen a Männer viséiert, a net déi aner Motiver vun Diskriminatiounen, déi d’Legislation oplëscht.