Bezeechnung a Nominatioun vun engem/enger Delegéierten/-er
Am Kader vum groussherzogleche Reglement vum 11. September 2006, deen d’Bezeechnung, d’Zesummesetzung an de Fonctionnement vun den Delegatioune vun de Gemengefonctionnaire modifizéiert huet, ass de Poste vum/vun der Delegéierten/-er fir d’Egalitéit beim Gemengepersonal mat sengem eegene groussherzogleche Reglement geschaf ginn.
Esou gëtt en oder eng Delegéiert-en fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an all Gemeng, Gemengesyndikat oder ëffentlechem Gebai ënner kommunaler Opsiicht designéiert.
Modus vun der Ernennung vun engem oder enger Delegéiert/-er fir d’Egalitéit beim Personal
De Modus vun der Ernennung vun engem oder enger Delegéiert/-er fir d’Egalitéit beim Gemengepersonal variéiert, jee nodeem ob et eng Personaldelegatioun gëtt oder net:
An enger Gemeng, wou et keng Personaldelegatioun gëtt…
Den oder d’Gläichstellungsdelegéiert/-en gëtt vum Gemengerot aus den Agente gewielt, déi eng Kandidatur agereecht hunn. Kandidat/in fir dës Nominatioun kann all Agent/-in ginn, déi an enger Gemeng, engem Gemengesyndikat oder engem ëffentleche Gebai ënner kommunaler Opsiicht affektéiert ass, an déi de Statut vum Beamten oder Employé-e huet.
Sollt keng Kandidatur virleien, da benennt de Gemengerot eng Persoun aus dem Personal, déi déi uewe genannte Konditioune fir eng Nominatioun erfëllt, als Delegéiert/-en.
An enger Gemeng, wou et eng Personaldelegatioun gëtt…
An de Gemengen, déi iwwert eng Personaldelegatioun verfügen, designéiert all Delegatioun aus hire Memberen en oder eng Delegéiert/-en fir d’Egalitéit.
Rechter vun dem/der Gläichstellungsdelegéierten/-er
Dispens vum Service
Fir seng/hir Aufgaben erfëllen ze kënnen, déi him/hir uvertraut ginn, kritt den oder d’Delegéiert/-en fir d’Egalitéit eng Dispens vum Service vu véier Stonnen de Mount. Hien oder si kann och eng Formatioun maachen, fir seng Missioune besser erfëllen ze kënnen.
Nieft de Projeten oder Analysen, déi den oder d’Delegéiert/-en wëll realiséieren, sinn déi véier Stonnen Dispens vum Service och dofir geduecht, fir Kolleeginnen a Kolleegen nozelauschteren an ze beroden, déi sech diskriminéiert fillen oder ënnert enger Situatioun leiden, déi hirem Wuelbefannen op der Aarbecht schuet. Och wann dës Period vu véier Stonne vun der Legislatioun esou virgesinn ass, gëtt dem oder der Delegéiert/-er geroden, fir sech entweder d’office, oder ausnamsweis fir e prezise Mount, méi Zäit accordéieren ze loossen, falls d’Realiséierung vun enger Moossnam oder e Rot fir eng Kolleegin oder e Kolleeg dëst verlaangen.
Rechter, fir mat deenen anere Gemengeninstanzen zesummen ze schaffen
Den oder d’Delegéiert/-en fir d’Egalitéit beim Personal huet d’Recht, fir fräi an direkt mam Personal vun der Gemeng, vun engem Gemengesyndikat oder engem ëffentleche Gebai ënnert der Opsiicht vun der jeeweileger Gemeng zesummen ze schaffen.
Fir kënnen eng Analyse iwwert d’Evolutioun beim Personal ze maachen, kann den oder d’Delegéiert/-en, genau wéi d’Personaldelegatioun, de Schäfferot froen, fir ventiléiert Statistiken no Geschlecht fir Rekrutementer, Promotiounen, Versetzungen, Entloossungen, Remuneratiounen a Formatiounen unzefroen.
Den oder d’Delegéiert/-en fir d’Egalitéit huet deemno spezifesch Responsabilitéiten, wat d’Informatioun an d’Consultatioun vu Froen ubelaangen, déi d’Struktur an d’Evolutioun vun der Aarbecht betreffen.
Missiounen an Aufgabe vum/vun der Delegéierten/-er
Generell gesi bestinn d’Missioune vum/vun der Delegéierten/-er an der Recherche vu Léisungen zu all Fro, déi direkt oder indirekt mat der Gläichbehandlung tëscht Fraen a Männer ze dinn huet, déi an enger Gemeng, an engem Gemengesyndikat oder an engem ëffentleche Gebai schaffen, dat ënnert der Opsiicht vun der Gemeng steet.
Dëst betrëfft och all Thematik, déi ze dinn huet mat:
- Dem Zougang zur Aarbecht
- Dem Rekrutement an de Servicer (interne Wiessel)
- Dem Accès zu Formatiounen
- De Professionelle Promotiounen
- Den Aarbechtskonditiounen
- Der Remuneratioun.
Vertraulechkeet
Am Kader vun der Ausféierung vun de Missiounen, déi him/hir uvertraut sinn, muss den oder d’Delegéiert/-en fir d’Gläichstellung alles, wat hien oder si gewuer ginn, vertraulech behandelen. Hien oder si ka keng Informatioune viruginn, ouni schrëftlech vun der betraffener Persoun dofir autoriséiert ginn ze sinn.
Joresbericht
Den oder d’Delegéiert/-en fir d’Egalitéit iwwerreecht dem Schäfferot e Joresbericht iwwert seng Aktivitéiten. Hien oder si ass och gehalen, fir d’Personal iwwert seng Aktivitéiten z’informéieren.
Zougang zur Aarbecht
Am Prinzip gëtt iwwert d’Verëffentlechung vun enger Aarbechtsoffer rekrutéiert, Entretiene mat de potentielle Kandidaten/-innen gefouert an d’Entscheedung iwwert d’Wiel vum oder vun der d’Kandidat/-in hëlt de Schäfferot.
An dëser Prozedur brauch d’Erhale vun der Egalitéit tëscht Fraen a Männer eng methodesch Approche a sämtlechen Etappe vum Rekrutement:
D’Offre d’Emploi
Dës ass d’"Fënster" vun der Gemeng, wëll duerch si gëtt d’Opmierksamkeet vum Public op den Interessi vum Poste gelenkt, dee geschaf soll ginn. Aus deem Grond ass et wichteg, datt de Numm vum Posten esou erausgesicht gëtt, datt sech gläichermoosse Frae wéi Männer domadder kënnen identifizéieren. Dëst gëllt och fir d’Beschreiwung vun den Tâchen, déi esou solle beschriwwe sinn, datt se den Interessi vu béide Geschlechter op sech zéien. Fraen a Männer sollten sech virstelle kënnen, op dësem Posten ze schaffen. Dëst ass och wichteg bei sougenannten atypesche Posten, entweder fir Fraen oder fir Männer. Esou sollt sech eng Fra beispillsweis virstelle kënnen, fir an engem technesche Service ze schaffen, genausou wéi e Mann sech sollt virstelle kënnen, fir als Educateur an enger Maison Relais ze schaffen.
D’Virstellungsgespréich
D’Presenz vum oder vun der Delegéierten/-er gëtt fir all Virstellungsgespréich, dat an enger Gemeng stattfënnt, recommandéiert. Dëst erlaabt et sécherzestellen, datt all Kandidat/-in gläichwäerteg behandelt gëtt.
D’Wiel vum/vun der beschte-r Kandidat-in fir e Posten
Nodeems den oder d’Delegéiert/-en fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer sech all d’Kandidaturen ugekuckt huet, gëtt hien oder si dem Schäfferot säin Avis iwwert d’Wiel vum/vun der Kandidat/-in, déi/dee soll zréckbehale ginn.
Am Fall wou eng Ënnerrepresentatioun vun engem vun den zwee Geschlechter am Gemengeservice besteet, deen e fräie Posten huet, kann d’Gemeng den oder d’Kandidat/-in wielen, andeems si eng positiv Diskriminatioun uwent. Dës gesäit fir datt d’Gemeng, bei gläicher Qualifikatioun, Talent a Beruffserfarung, kann déi Persoun virzéien, der hiert Geschlecht aktuell am respektive Service ënnerrepresentéiert ass. Et handelt sech heibäi em eng temporär Mesure, déi d’Erreeche vun enger Paritéit tëscht Fraen a Männer uviséiert.
De Rekrutement an de Servicer (interne Wiessel)
Wann eng Administratioun d’Méiglechkeet offréiert, fir intern de Posten ze wiesselen, dann ass dëst ëmmer exemplaresch. Engersäits kann dëst d’Wuelbefanne vum Personal op der Aarbecht steigeren, wëll en oder eng Agent/-in, deen oder déi de Service wiesselt, sech a sengem beruffleche Liewe mat neien Defie konfrontéiert gesäit, wat gutt fir seng/hier Motivatioun ass. Vu Säite vum Employeur erhéije periodesch Changementer vum Personal an den Aktivitéitsberäicher d’Kontinuitéit vun der Aarbecht, wëll eng gréisser Unzuel vun Agent-in-en iwwert d’Beruffserfarung verfüügt fir – och wann et nëmme provisoresch sollt sinn – en-g Aarbechtskolleeg/-in an engem anere Service z’ersetzen.
Den oder d’Delegéiert/-en fir d’Gläichstellung kann d’Gestionnaire vum Personal an esou Entscheedungen assistéieren, wëll d’Iwwerwaachung vum Accès zu professionelle Promotioune fir Fraen a Männer Deel vu senge Missiounen ass.
Accès zu Formatiounen
Formatioune sinn e Schlësselelement fir déi perséinlech a professionell Entwécklung vum Personal, wëll d’Uneegne vu neie Kompetenzen net just d’Motivatioun steigert, mä et och erlaabt, fir d’Aarbechtsofleef ze verbesseren.
Leider kann et aus villerlee Grënn en ongläichen Accès zu Formatioune ginn, oft och onfräiwëlleg. Esou muss beispillsweis d’Gestioun vum Personal ëmmer drop uecht ginn, datt:
- Formatioune fir all Member vum Personal proposéiert ginn, och fir Kolleeginnen a Kolleegen, déi net op Decisiounsposte schaffen;
- Jiddereen encouragéiert gëtt, fir reegelméisseg Formatiounen ze maachen, mat spezifesche Preferenzen, déi eventuell bei den individuellen Entretiene kéinten identifizéiert ginn;
- Agentinnen an Agenten, déi net Vollzäit schaffen, och kënne Formatioune maachen, déi un d’Horaire vun hirer Presenz adaptéiert gi sinn.
Och hei kann den Delegéierten oder d’Delegéiert den Accès zu Formatioune fir d’Personal iwwerwaachen an eventuell Inegalitéiten dem Gemengesekretariat, respektiv dem Service vun der Personalgestioun signaléieren.
Schutz géint all Forme vun Diskriminatioun, sexuell oder moralesch Belästegung
Dëst ass sécherlech ee vun den delikaatste Beräicher ënnert de Missioune vun engem oder enger Delegéierten/-er: Hien oder si beméit sech ëm d’Protektioun vum Gemengepersonal géint sexuell oder moralesch Belästegung op der Aarbechtsplaz. Nieft de preventiven Initiative beréit an assistéiert hien oder si déi potentiell Affer vu sexueller oder moralescher Belästegung am Kader vun hire beruffleche Relatiounen.
Fir dëst ze realiséieren, ass den oder d’Delegéiert/-e gehalen, all d’Faite vertraulech ze behandelen, déi him oder hir zougedroe ginn. Hien oder si kann dës just verbreeden ënnert der Konditioun, datt hien oder si eng schrëftlech Autorisatioun dofir vun der betraffener Persoun kritt huet. Dës Vertraulechkeet, vum Legislateur virgesinn, schützt am Fong déi béid Parteien: D’Affer kann sech wuel spieren an an aller Diskretioun iwwert seng Doleance schwätzen, an den oder d’Delegéiert/-e ka ganz akkurat evaluéieren, wéi eng Aktiounen hien oder si als nächst wëllt ënnerhuelen. An dësem Kontext schützt d’Gesetz den oder d’Delegéiert/-en verstäerkt an der Ausübung vu sengen/hire Funktiounen, andeems et preziséiert, datt hien oder si kee Schued däerf huelen duerch d’Ausübung vu sengen/hire spezifeschen Aktivitéiten am Interessi vun der Egalitéit tëscht Fraen a Männer.
Selbstverständlech muss d’Gemeng dem oder der Delegéierten/-er eng Raimlechkeet zur Verfügung stellen, wou Kolleeginnen a Kolleegen an aller Diskretioun empfaange kënne ginn, fir mat hinnen ze diskutéieren. An dësem Kontext muss den oder d’Delegéiert/-en sech mam Schäfferot iwwert d’Auerzäiten an d’Ofleef vun de Consultatiounen eenegen, woubäi d’Dauer vun dësen Entrevuen dem Compte d’épargne-temps (CET) vum/vun der Delegéiert/-en ugerechent gëtt.
Als Delegéiert/-en ass een natierlech net forcement a Psychologie oder Gestioun vu Konflikter forméiert. Trotzdeem sinn d’Delegéiert net eleng a kënnen Affer vun Diskriminatiounen oder Belästegungen u spezialiséiert Instanze weiderleeden, déi dem Gemengesecteur zur Verfügung stinn.
Relatioune mat der Direktioun
Nieft de Relatiounen, déi den oder d’Delegéiert/-en fir d’Gläichstellung mam bezuelte Personal ënnerhält, setzen seng Aufgaben hien oder si och an eng direkt Relatioun mam Schäfferot.
Esou kann den oder d’Delegéiert/-en fir si:
- Propositioune formuléieren iwwert all Fro, déi direkt oder indirekt mat der Gläichbehandlung tëscht Fraen a Männer ze dinn huet, an dëst besonnesch bei Sujete wéi e gläichen Zougang zur Aarbecht, zu Formatiounen a professionelle Promotiounen.
An dësem Kontext kann den oder d’Delegéiert/-en och en Avis iwwert d’Aarbechtszäite formuléieren, déi an de verschiddene Gemengeservicer applizéiert sollte ginn (fix Plagen), iwwert d’Bezuelung (Typpe vu uwennbare Kontrakter), d’Aarbechtskonditiounen, d’Méiglechkeeten, fir eng Promotioun ze kréien, d’Méiglechkeeten, fir intern de Service ze wiesselen, d’Implizéieren an den Entscheedungsprozess an der Gemeng esou wéi iwwert déi hierarchesch Responsabilitéiten.
- Individuell oder kollektiv Reklamatioune vun enger oder méi Persounen areechen, déi sech ongerecht behandelt fillen, ënnert der Konditioun, datt en de schrëftlechen Accord vun der oder den betraffene Persounen huet.
Den oder d’Delegéiert/-en kann Agent-in-en, déi Affer vun enger sexueller oder professioneller Belästegung an hirem berufflechen Ëmfeld gi sinn, assistéieren a beroden. Den oder d’Delegéiert/-en kann, fir d’Situatioun vun engem oder enger diskriminéierte-r Kolleeg-in ze verbesseren, de Schäfferot consultéieren.
- Sensibiliséierungsaktiounen, Preventiounsaktioune géint sexuell a professionell Belästegung esou wéi Moossnamepläng proposéieren, déi d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer promouvéieren.
Wëll den oder d’Delegéiert/-en als Kontaktpersoun fungéiert fir all Uleies vun engem Member vum Personal wéinst eventuellen Diskriminatiounen oder Ongläichheeten opgrond vum Geschlecht, kann hien oder si dem Schäfferot och Sensibiliséierungsaktioune fir d’Personal proposéieren. Esou kéint beispillsweis eng Gemeng hiert Personal iwwert eng Optimiséierung vun de perséinleche Relatiounen ënnertenee sensibiliséieren, déi zu enger Verbesserung vum Wuelbefannen op der Aarbecht fir jidderee féiere kéint. Des weidere kéint d’Personal eng Formatioun iwwert déi verschidde Forme vun Diskriminatioune maachen, déi hinne géif erméiglechen, méi sensibel fir eng antizipéiert Detektioun vun engem oder enger Mataarbechter/-in op der Aarbechtsplaz ze sinn, dem oder der et net gutt geet. Esou kéint eng virzäiteg Entdeckung vu psycheschem Stress bei engem oder méi Membere vum Personal psychesch Stéierungen, Burnouten an deemno laang Krankeschäiner vermeiden.
- En Avis fir all Demande op Deelzäit- oder Mi-temps-Aarbecht verfaassen.
Och wann dës Zort vun Demanden ënnert d’Responsabilitéit vun de Gestionnaire vum Personal fält, déi sécherstelle mussen, datt esou Demande kompatibel mam déngschtlechen Interessi sinn, esou kann den oder d’Delegéiert/-en awer en Avis iwwert all Demande fir Deelzäit- oder Mi-temps-Aarbecht verfaassen, an der Optik datt eng Gläichbehandlung tëscht Fraen a Männer an dësen Aarbechtsverhältnisser garantéiert gëtt, mam Haaptzil, déi beschtméiglechst Balance tëscht Privat- a Beruffsliewe sécherzestellen. Dëst gëllt och fir all Demande fir Congé parental, wou d‘Pappe verstäerkt solle motivéiert ginn, fir och vun dëser sozialer Moossnam ze profitéieren, déi déi gemeinsam verbruechten Zäit an der Famill fir béid Eltere verbessere soll.
Am Allgemenge kann den oder d’Delegéiert/-e kucken an, bei Bedarf, Sensibiliséierungsmoossnamen ze proposéieren, fir eng professionell Kultur ze schafen, déi d’Huele vu Congé aus familiäre Grënn ënnerstëtzt. Heibäi versteet et sech vum selwen, datt Leit, déi esou e Congé geholl hunn, net an der Entwécklung vun hirer professioneller Karriär „bestrooft“ däerfe ginn.
1 Règlement grand-ducal du 11 septembre 2006 fixant les modalités de désignation, les droits et les devoirs des délégués à l’égalité entre femmes et hommes au sein des communes, syndicats de communes et établissements publics placés sous la surveillance des communes (Mémorial A, N° 177 du 5 octobre 2006)
2 En italique dans le présent chapitre : Règlement grand-ducal du 11 septembre 2006 fixant les modalités de désignation, les droits et les devoirs des délégués à l’égalité entre femmes et hommes au sein des communes, syndicats de communes et établissements publics placés sous la surveillance des communes, Mémorial A-N° 177 du 5 octobre 2006.
3Alors que la rémunération des fonctionnaires et employé-e-s communaux est réglée par le règlement grand-ducal du 28 juillet 2017 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d’avancement des fonctionnaires communaux (Mémorial A N° 678 du 31 juillet 2017), ce point est à analyser dans les communes plutôt au niveau des rapports de travail, des durées de travail (temps plein, temps partiel) et de l’accès à des postes à responsabilité.
4Règlement grand-ducal du 11 septembre 2006 modifiant le règlement grand-ducal du 10 août 1991 concernant la désignation, la composition et le fonctionnement des délégations des fonctionnaires communaux, modifiant l’article 32 de la loi du 24 décembre 1985 fixant le statut général des fonctionnaires communaux, Mémorial A-N° 177 du 5 octobre 2006.
