Skip to main content

„Gläichstellung tëscht de Geschlechter – eng strategesch Erausfuerderung fir Är Entreprise“ – Taina Bofferding an Georges Engel stellen déi nei Brochure iwwer d’Gläichstellung an den Entreprisen vir.

Den 22. Februar 2023 hunn d’Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Taina Bofferding, an de Minister fir Aarbecht, Beschäftegung an Ekonomie sociale et solidaire, Georges Engel, déi nei Brochure „Gläichstellung tëscht de Geschlechter – eng strategesch Erausfuerderung fir Är Entreprise“ virgestallt.

Déi kleng a mëttelgrouss Betriber (PME), déi ronn 32.000 Entreprisen zielen an aktuell bal 210.000 Persounen beschäftegen, representéieren e bëssen méi wéi 25 Prozent vun der Beschäftegung zu Lëtzebuerg. Si stellen domat e wichtege Pilier duer, fir d’Virdeeler vun der Gläichstellung tëscht de Geschlechter um Aarbechtsmarché ervirzehiewen an esou och déi sozial Innovatioun ze fërderen.

D’Taina Bofferding huet betount:
„D’Gläichstellung tëscht de Geschlechter kann als eng vun de prakteschen a wierksamen Äntwerte fir déi aktuell Erausfuerderunge vun der Aarbechtswelt ugesi ginn. Si ass en zentrale Bestanddeel fir d’Gläichstellung an allen Beräicher vum Liewen ëmzesetzen. Nëmmen wann all Acteure sech gläichermoossen an de Prozess abréngen, kënnen d’Arbechtsgeberinnen an d’Arbechtnehmerinnen dovu profitéieren. D’Gläichstellung an der Entreprisepolitik ze verankeren, bedeit net nëmmen d’Mataarbechterinnen an d’Mataarbechter ze valoriséieren, mee och, sech an all Entscheedungsprozesser op Aenhéicht ze begéinen.“

Ausserdeem hu béid Ministeren en Abléck an déi aktuell Erausfuerderungen am Beräich vun der Gläichstellung ginn.
D’Ministesch Taina Bofferding huet un déi grouss Fortschrëtter erënnert, déi Lëtzebuerg an der Lounengläichheet tëscht Fraen a Männer erreecht huet, wou d’Land mat engem Differenz vu just 0,7 % europawäit un der Spëtzt steet. Si huet och d’Entwécklung vum Programm Actions Positives begréisst, sech iwwert déi zouhuelend Nofro gefreet an en neien Appell un d’Entreprisen lancéiert.

De Georges Engel huet op senger Säit ënnerstrach, datt de lëtzebuergesche Aarbechtsmarché nach ëmmer staark vu männlechen Ugestallten dominéiert gëtt. Am Kontext vun enger Penurie u qualifizéierter Aarbechtskraaft huet de Minister drop higewisen, datt Lëtzebuerg nei Talenter brauch, fir de Besoine vun den Aarbechtsgeber*innen gerecht ze ginn.

D’Attraktioun vu neie Talenter geschitt net nëmmen duerch d’Integratioun vu Persounen aus de Nopeschlänner um lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché, mee och duerch d’Mobiliséierung vun den Talenter am eegene Land.

De Minister huet och op d’Verännerungen higewisen, déi aktuell am Aarbechtsberäich stattfannen. Laut dem Georges Engel hätt d’Pandemie verschidden Entwécklunge wéi d’Digitaliséierung séier virugebruecht. D’Digitaliséierung erméiglecht och ganz nei Perspektiven am Beruffsberäich duerch d’Entstoe vun neie Beruffer.

E bessert Gläichgewiicht tëscht Beruff a Privatliewen ass och ee Punkt, deen ëmmer méi u Bedeitung gewënnt. De Georges Engel huet ervirgehuewen, datt duerch d’Aféierung vu Moossnamen, déi dëst Gläichgewiicht verbesseren, och eng besser Chancëgläichheet tëscht Fraen a Männer ka realiséiert ginn.

Gläichzäiteg huet de Minister un d’Wichtegkeet vun den offiziellen Instanzen erënnert, déi an der Bekämpfung vun Ongläichheeten am Beruffsumfeld engagéiert sinn. Hien huet besonnesch d’Roll vun der Inspection du Travail (ITM) ervirgehuewen, déi en Dispositif opgebaut huet, fir Persounen z’ënnerstëtzen, déi Verstéiss am Beräich vun der Gläichstellung melle wëllen.

Zum Schluss huet de Georges Engel d’Wichtegkeet vum Thema Gesondheet op der Aarbechtsplaz betount, deen och eng entscheedend Roll an der Fërderung vun enger besserer Gläichstellung tëscht Fraen a Männer am Aarbechtsliewen spillt.

Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an dem Ministère fir Aarbecht, Beschäftegung an Ekonomie