Den 7. Juli 2023 huet d’Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer, d’Gläichberechtegungsdelegéiert vum Personal aus dem staatlechen an dem kommunale Secteur (DEG) zu enger Presentatioun vun engem neien Informatiouns- a Austauschinstrument invitéiert, dat hinnen vum Ministère fir Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer (MEGA) zur Verfügung gestallt gëtt.
Bei dëser Geleeënheet huet d’Ministesch hir Unerkennung vis-à-vis vun de Delegéierten ausgedréckt, fir hiren Engagement an hir kontinuéierlech Efforte fir d’Promotioun vun der Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter op allen Niveauen. Si huet betount, datt hir Aarbecht dozou bäigedroen huet, bedeitend Fortschrëtter an der Bekämpfung vun Ongläichheeten a vu Diskriminatiounen opgrond vum Geschlecht z’erreechen.
D’Taina Bofferding huet ënnerstrach: „D’Gläichberechtegungsdelegéiert sinn d’Multiplikateuren um operationelle Plang vun de politesche Beméiunge fir d’Gläichberechtegung virum Gesetz och am Alldag Realitéit ginn ze loossen. Als Acteure vum Changement an hire respektive Strukturen hu si eng Schlësselroll an der Gouvernance, déi d’Gläichberechtegung lieweg mécht.“
An dësem Kader gouf e neit Online-Tool an der Form vun enger Internetsäit megadelegates.lu presentéiert, déi wichteg Ressourcen zur Verfügung stellt, fir hir Missiounen effektiv kënnen ze erfëllen. Dës nei Plattform bitt déi lescht Aktualitéiten am Zesummenhang mat hiren Aufgaben, nëtzlech Dokumentvirlagen an en Annuaire mat allen Gläichberechtegungsdelegéierten aus dem staatlechen a kommunale Public.
Fir d’DEG dauerhaft mateneen ze vernetzen an den Austausch och ausserhalb vun de formelle Reuniounen ze erméiglechen, gouf en interaktive Forum op der Internetsäit ageriicht. Dës Funktioun erlaabt de Participanten hir Erfarungen ze deelen, Froen ze stellen an nohalteg Verbindungen mat hire Kolleegen opzebauen – a gläichzäiteg de Réseau vun den Delegéierten am ëffentleche Secteur a bei de Gemengen ze stäerken.
Matgedeelt vum Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer