Skip to main content
1.

Bezeechnung a Nominatioun vun engem/enger Delegéierten/-er

All Entreprise, onofhängeg vun der Natur vu sengen Aktivitéiten, senger juristescher Form oder sengem Aktivitéitssecteur, muss Personaldelegéierter designéieren, wann si op Mannst fofzéng Salariéë beschäftegt, déi en Aarbechtskontrakt mat der Entreprise hunn (Code du travail, Art. L-411-1).

Déi lëtzebuergesch Legislatioun verlaangt, datt all Haaptdelegatioun (Code du travail, Art. L. 411-1) an, jee nodeem, all Abteilungsdelegatioun (Code du travail, Art. L. 411-3) direkt nom Untriede vun hirem Amt ënnert senge Memberen, a fir d'Dauer vun hirem Mandat, en-g Egalitéitsdelegéiert/-en designéiert. D'Missioune vum oder vun der Delegéiert/-en sinn duerch d'Gesetz vum 10. August 2018 festgeluecht, dat den Artikel L. 414-15 vum Code du travail, dee sech am Buch IV - Personalrepresentatioun, Sektioun 6 - Egalitéitsdelegéierten befënnt, modifizéiert huet.

D'Ernennung vun engem oder enger Personaldelegéiert/-en oder sengem/hirer Stellvertrieder/-in geschitt iwwert eng Walprozedur, déi am Buch IV vum Code du travail consultéiert gi kann. Esou "designéiert all Personaldelegatioun wärend hirer konstituéierender Reunioun ënnert hiren effektiven a stellvertriedende Memberen, fir d'Dauer vun hirem Mandat, en-g Delegéiert/-en fir d'Egalitéit. Bannen dräi Deeg no der konstituéierender Reunioun deelt de President vun der Delegatioun dem Firmechef schrëftlech de Numm, Virnumm an d'Sozialversécherungsnummer vum oder vun der Gläichstellungsdelegéiert/-er mat." (Code du travail, Art. L. 414-15).

Kleng Entreprisen, déi manner wéi 15 Salarié-e-ën hunn, hu keng Personaldelegatioun an deemno och keen/keng Egalitéitsdelegéiert/-en.

2.

Rechter vun dem/der Gläichstellungsdelegéierten/-er

Dispens vum Service

Fir seng/hir Missioune kënnen ze realiséieren, ass e Stonnekredit fir den oder d'Delegéiert/-en duerch den Artikel L. 415-5, Paragraph 2 am Code du travail virgesinn, deen sech folgendermoossen zesummestellt:

  • Véier bezuelte Stonne pro Mount, wann d'Entreprise tëscht 15 a 25 Salariéë beschäftegt;
  • Sechs bezuelte Stonne pro Mount, wann d'Entreprise tëscht 26 a 50 Salariéë beschäftegt;
  • Aacht bezuelte Stonne pro Mount, wann d'Entreprise tëscht 51 et 75 Salariéë beschäftegt;
  • Zéng bezuelte Stonne pro Mount, wann d'Entreprise tëscht 76 et 150 Salariéë beschäftegt;
  • Véier Stonne pro Woch, wann d'Entreprise méi wéi 150 Salariéë beschäftegt.

Dëse Kredit vun zousätzleche Stonnen ass exklusiv fir d'Notzung vum/vun der Gläichstellungsdelegéiert/-er reservéiert.

Den Employeur muss dem oder der Delegéierten/-er déi néideg fräi Zäit ginn, genannt Formatiounscongé, fir ouni Verloscht vum Salaire kënnen u Formatiounen deelzehuelen, déi vun de Gewerkschaften oder spezialiséierten Institutiounen wärend de normalen Aarbechtszäiten organiséiert gi mam Zil, dat ekonomescht, juristescht, soziaalt a psychologescht Wëssen ze perfektionéieren, dat fir d'Ausféierung vu senger/hirer Missioun nëtzlech ass.

Esou huet den oder d'Delegéiert/-en zwee hallef Deeg Formatiounscongé fir all Mandatsjoer , net urechebar op säi järleche Jorescongé. D'Dauer vum Formatiounscongé gëtt gläichgesat mat enger Aarbechtszäit, d'Salaireskäschte fir déi Zäit gi vum Staat rembourséiert bei Entreprisen, deenen hiert Personal net 150 Mataarbechter-innen iwwerschreit.

Nieft de Projeten an Analysen, déi den oder d'Delegéiert/-en realiséiere wëll, déngen d'Dispens-Stonne vum Service och dofir, fir Kolleegen/-innen nozelauschteren an ze beroden, déi sech diskriminéiert fillen oder ënnert enger Situatioun leiden, déi hirem Wuelbefannen op der Aarbecht schuet.

3.

Missiounen an Aufgabe vum/vun der Delegéierten/-er

Den Egalitéitsdelegéierten huet als Missioun, fir d'Gläichbehandlung ze verdeedegen am Sënn vum Titel IV vum Buch II, wat den Accès zu Aarbecht, Formatiounen a professionelle Promotiounen ugeet, esou wéi d'Bezuelung an d'Aarbechtskonditiounen. 2

Vertraulechkeet

Am Kader vun der Ausféierung vun de Missiounen, déi him uvertraut sinn, ass de Gläichstellungsdelegéierte gehalen, déi Fakten, déi hie gewuer gëtt, mat der néideger Diskretioun ze behandelen. Hien däerf dës net weiderginn ouni eng schrëftlech Erlabnis vun der betraffener Persoun.

4.

Zougang zur Aarbecht

Am Prinzip gëtt iwwert d’Verëffentlechung vun enger Aarbechtsoffer rekrutéiert, Entretiene mat de potentielle Kandidaten/-innen gefouert an d’Entscheedung iwwert d’Wiel vum oder vun der d’Kandidat/-in hëlt d’Direktioun vun der Entreprise.

An dëser Prozedur brauch d’Erhale vun der Egalitéit tëscht Fraen a Männer eng methodesch Approche a sämtlechen Etappe vum Rekrutement:

D’Offre d’Emploi

Dës ass d’"Fënster" vun der Entreprise, wëll duerch si gëtt d’Opmierksamkeet vum Public op den Interessi vum Poste gelenkt, dee geschaf soll ginn. Aus deem Grond ass et wichteg, datt de Numm vum Posten esou erausgesicht gëtt, datt sech gläichermoosse Frae wéi Männer domadder kënnen identifizéieren. Dëst gëllt och fir d’Beschreiwung vun den Tâchen, déi esou solle beschriwwe sinn, datt se den Interessi vu béide Geschlechter op sech zéien. Fraen a Männer sollten sech virstelle kënnen, op dësem Posten ze schaffen. Dëst ass och wichteg bei sougenannten atypesche Posten, entweder fir Fraen oder fir Männer. Esou sollt sech eng Fra beispillsweis virstelle kënnen, fir an engem techneschen oder wëssenschaftleche Service ze schaffen, genausou wéi e Mann sech sollt virstelle kënnen, fir an engem sozialen oder edukative Service ze schaffen.

D’Virstellungsgespréich

D’Presenz vum oder vun der Delegéierten/-er gëtt recommandéiert fir all Virstellungsgespréich, dat an enger Entreprise stattfënnt. Dëst erlaabt et sécherzestellen, datt all Kandidat/-in gläichwäerteg behandelt gëtt.

D’Wiel vum/vun der beschte-r Kandidat-in fir e Posten

Nodeems den oder d’Delegéiert/-en fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer sech all d’Kandidaturen ugekuckt huet, gëtt hien oder si der Direktioun vun der Entreprise säin Avis iwwert d’Wiel vum/vun der Kandidat/-in, déi/dee soll zréckbehale ginn.

Am Fall wou eng Ënnerrepresentatioun vun engem vun den zwee Geschlechter am Service vun der Entreprise besteet, déi e fräie Posten huet, kann d‘Direktioun den oder d’Kandidat/-in wielen, andeems si eng positiv Diskriminatioun uwent. Dës gesäit vir datt den Employeur, bei gläicher Qualifikatioun, Talent a Beruffserfarung, kann déi Persoun virzéien, der hiert Geschlecht aktuell am respektive Service ënnerrepresentéiert ass. Et handelt sech heibäi em eng temporär Mesure, déi d’Erreeche vun enger Paritéit tëscht Fraen a Männer uviséiert.

De Rekrutement an de Servicer (interne Wiessel)

Wann eng Entreprise d’Méiglechkeet offréiert, fir intern de Posten ze wiesselen, dann ass dëst ëmmer exemplaresch. Engersäits kann dëst d’Wuelbefanne vum Personal op der Aarbecht steigeren, wëll en oder eng Salarié-e, deen oder déi de Service wiesselt, sech a sengem beruffleche Liewe mat neien Defie konfrontéiert gesäit, wat gutt fir seng/hier Motivatioun ass. Vu Säite vum Employeur erhéije periodesch Changementer vum Personal an den Aktivitéitsberäicher d’Kontinuitéit vun der Aarbecht, wëll eng gréisser Unzuel vu Salarié-e-ën iwwert d’Beruffserfarung verfüügt fir – och wann et nëmme provisoresch sollt sinn – en-g Aarbechtskolleeg/-in an engem anere Service z’ersetzen.

Den oder d’Delegéiert/-en fir d’Gläichstellung kann d’Gestionnaire vum Personal an esou Entscheedungen assistéieren, wëll d’Iwwerwaachung vum Accès zu professionelle Promotioune fir Fraen a Männer Deel vu sengen/hire Missiounen ass.

5.

Accès zu Formatiounen

Formatioune sinn e Schlësselelement fir déi perséinlech a professionell Entwécklung vum Personal, wëll d’Uneegne vu neie Kompetenzen net just d’Motivatioun steigert, mä et och erlaabt, fir d’Aarbechtsofleef ze verbesseren.

Leider kann et aus villerlee Grënn en ongläichen Accès zu Formatioune ginn, oft och onfräiwëlleg. Esou muss beispillsweis d’Gestioun vum Personal ëmmer drop uecht ginn, datt:

  • Formatioune fir all Member vum Personal proposéiert ginn, och fir Kolleeginnen a Kolleegen, déi net op Decisiounsposte schaffen;
  • Jiddereen encouragéiert gëtt, fir reegelméisseg Formatiounen ze maachen, mat spezifesche Preferenzen, déi eventuell bei individuellen Entretiene kéinten identifizéiert ginn;
  • Salarié-e-ën, déi net Vollzäit schaffen, och kënne Formatioune maachen, déi un d’Horaire vun hirer Presenz adaptéiert gi sinn.

Och hei kann den Delegéierten oder d’Delegéiert den Accès zu Formatioune fir d’Personal iwwerwaachen an eventuell Inegalitéiten der Direktioun vun der Entreprise, respektiv dem Service vun der Personalgestioun signaléieren.

6.

Schutz géint all Forme vun Diskriminatioun, sexuell oder moralesch Belästegung

Dëst ass sécherlech ee vun den delikaatste Beräicher ënnert de Missioune vun engem oder enger Delegéierten/-er: Hien oder si beméit sech ëm d’Protektioun vum Personal vun der Entreprise géint sexuell oder moralesch Belästegung op der Aarbechtsplaz. Nieft de preventiven Initiative beréit an assistéiert hien oder si déi potentiell Affer vu sexueller oder moralescher Belästegung am Kader vun hire beruffleche Relatiounen.

Fir dëst ze realiséieren, ass den oder d’Delegéiert/-e gehalen, all d’Faite vertraulech ze behandelen, déi him oder hir zougedroe ginn. Hien oder si kann dës just verbreeden ënnert der Konditioun, datt hien oder si eng schrëftlech Autorisatioun dofir vun der betraffener Persoun kritt huet. Dës Vertraulechkeet, vum Legislateur virgesinn, schützt am Fong déi béid Parteien: D’Affer kann sech wuel spieren an an aller Diskretioun iwwert seng Doleance schwätzen, an den oder d’Delegéiert/-e ka ganz akkurat evaluéieren, wéi eng Aktiounen hien oder si als nächst wëllt ënnerhuelen. An dësem Kontext schützt d’Gesetz den oder d’Delegéiert/-en verstäerkt an der Ausübung vu sengen/hire Funktiounen, andeems et preziséiert, datt hien oder si kee Schued däerf huelen duerch d’Ausübung vu sengen/hire spezifeschen Aktivitéiten am Interessi vun der Egalitéit tëscht Fraen a Männer.

Selbstverständlech muss d‘Entreprise dem oder der Delegéierten/-er eng Raimlechkeet zur Verfügung stellen, wou Kolleeginnen a Kolleegen an aller Diskretioun empfaange kënne ginn, fir mat hinnen ze diskutéieren. An dësem Kontext muss den oder d’Delegéiert/-en sech mam/mat der Chef/-in vun der Entreprise iwwert d’Auerzäiten an d’Ofleef vun de Consultatiounen eenegen, woubäi d’Dauer vun dësen Entrevuen dem Kont vun den Iwwerstonne vum/vun der Delegéiert/-en ugerechent gëtt.

Als Delegéiert/-en ass een natierlech net forcement a Psychologie oder Gestioun vu Konflikter forméiert. Trotzdeem sinn d’Delegéiert net eleng a kënnen Affer vun Diskriminatiounen oder Belästegungen u spezialiséiert Instanze weiderleeden.

7.

Relatioune mat der Direktioun

Nieft de Relatiounen, déi den oder d’Delegéiert/-en fir d’Gläichstellung mam bezuelte Personal ënnerhält, setzen seng Aufgaben hien oder si och an eng direkt Relatioun mat der Direktioun vun der Entreprise.

Zu dësem Zweck, ouni Aschränkungen duerch aner legal Dispositiounen, ass et dem oder der Delegéiert/-en, egal ob en eleng oder zesumme mat der Personaldelegatioun an de Beräicher vu senger Missioun agéiert, erlaabt:

  • Fir säin Avis ofzeginn oder Propositiounen ze formuléiere fir all Fro déi, direkt oder indirekt, ee vu sengen Aufgabeberäicher betrëfft;
  • Fir dem Employeur Sensibiliséierungsaktioune fir d'Personal ze proposéieren;
  • Fir e Moossnamepak auszeschaffen an dem Employeur ze presentéieren, deen d'Egalitéit tëscht Fraen a Männer promouvéiert, esou wéi et am Artikel L. 241-4, Paragraph 2 festgeluecht ass ;
  • Fir dem Employeur all individuell oder kollektiv Reklamatioun ze presentéieren a Saache Gläichbehandlung tëscht Fraen a Männer;
  • Fir virzebeugen an individuell Differenzen aus der Welt ze schafen, déi tëscht dem Employeur an dem Personal kënnen opkommen a Saache Gläichbehandlung tëscht Fraen a Männer;
  • Fir d'Inspection du travail et des mines, aus Mangel u Bäileeë vun den Differenzen, ze saiséiere fir all Plainte an Observatioun;
  • Fir eemol am Joer d'Personal, separat fir béid Geschlechter, ze convoquéieren;
  • Fir sécherzestellen, datt d'Léierbouwen a Léiermeedercher an der Entreprise eng Formatioun iwwert d'Egalitéit kréien;
  • Fir matzeschaffen, e Regime vun enger initialer professioneller Formatioun a besonnesch vun der Léier opzestellen an ëmzesetzen;
  • Fir an enger gëeegenter Loyalitéit Consultatioune fir d'Personal vun der Entreprise, entweder ausserhalb oder bannent den Aarbechtszäiten ze ginn. Am leschte Fall muss den Delegéierten sech mam Chef d'entreprise iwwert d'Auerzäiten an d'Modalitéite vun der Organisatioun vun de Consultatiounen eenegen, woubäi d'Dauer vun dësen dem Stonnekredit zougerechent gëtt;
  • Fir am Virfeld säin Avis ofzegi bei all Kreatioun vun engem Deelzäitposten an der Entreprise.

Am Fall vun den oder d'Delegéiert/-en, bezeechent no der Uwendung vum 1. Paragraph, e-ng Stellvertrieder/-in vun der Delegatioun ass, däerf hien oder si un allen Decisiounen deelhuelen, déi a Relatioun zu sengem spezielle Mandat stinn, an hien oder si däerf un alle Reunioune vun der Delegatioun deelhuele mat enger berodender Stëmm. 4

1 Ausdréck sinn duerch d’Gesetz vum 7. Mee 2018 ersat ginn.

2 Gesetz vum 23. Juli 2015, dat de Code du travail am Buch IV - Personalrepresentatioun, Sektioun 6 - Egalitéitsdelegéierten, adaptéiert huet.

3 Art. L. 241-4 (2): De Prinzip vun der Gläichbehandlung verhënnert net d'Bäibehalen oder d'Adoptioun vu spezifesche Moossnamen, déi Nodeeler virbeugen oder kompenséiere solle laut dem Motiv aus dem Artikel L. 241-1, Paragraph (1) fir eng komplett Egalitéit an der Praxis z'assuréieren. Art. L. 241-1. (1): All Diskriminatioun opgrond vum Geschlecht, ob direkt oder indirekt, besonnesch opgrond vum soziale Stand oder der Famill ass verbueden.

4Gesetz vum 23. Juli 2015.